Schülerinnen a Schüler kënne sech iwwer Lycéeën, nei Sektiounen oder Beruffsperspektiven informéieren. Néng ënnerschiddlech Beruffwelte si vertrueden, dorënner och eng ganz Rei Aktivitéiten, déi a Richtung Informatik a Programméiere ginn. Déi kënschtlech Intelligenz, wéi notamment ChatGBT ass net nëmmen an de Schoulklassen e ganz aktuellt Thema, mee och an der Beruffswelt. D’Dr. Dimitra Anastasiou vum LIST, also dem Institut fir Wëssenschaft an Technologie, gëtt den interesséierte Kanner e wichtege Message mat op de Wee:
“Déi Chatbots mussen natierlech mat Virsiicht benotzt ginn. Dat ass ëmmer nach een Tool, dat de Leit assistéiere sollt an net de Mënsch soll ersetzen. Dat ass e wichtege Saz, deen alle soll bewosst sinn, souwuel dem Léierpersonal, wéi och de Schüler. Wann déi Chatbots an allgemeng déi KI-Agenten ethesch korrekt benotzt ginn, da gesinn ech nëmme Virdeeler. Déi mussen dann natierlech och an de Léirplang integréiert ginn an genau fir déi Zwecker benotzt ginn, fir déi se ausgeschafft gi sinn.” Konkret weist d’Dr. Dimitra Anastasiou vum LIST op hirem Stand, wéi eng Kënschtlech Intelligenz en Zaubertrick mat Pokerkaarten duerchféiere kann. An natierlech ëmmer richteg läit. D’Technologie huet déi jonk Schüler begeeschtert.
“De Computer huet dat alles erausfonnt, ech war esou erstaunt! Dat war wierklech ganz interessant, ze gesinn, wat hautdesdaags d’Technologie alles maache kann. An ech fannen allgemeng, dass dat ganz flott ass fir Kanner, fir en Job auszesichen.”
E Méindeg de Moie war doriwwer eraus och de Léierplazendag. Eng Méiglechkeet fir Patronen a Jonker, sech kennenzeléieren. An dat mat ville verschiddenen Atelieren, esou zum Beispill dee vun engem Daachdeckerbetrib. D’Jessica Schiltz mécht en DAP als Couvreuse a weist de Schüler a Schülerinnen op der Schoulfoire, wéi een eng Schiferplack verschaffe kann. Dass esou vill Kanner a Jonker sech fir den Atelier interesséieren, wier jiddwerfalls wichteg, fir de Beruff méi visibel ze maachen. E Parqueteur an e Coiffersbetrib sinn och positiv iwwerrascht vum groussen Undrang un hirer Offer.
Egal wéi wier et gutt, dass een op der Foire villes ausprobéiere kann, fannen eng ganz Rei Schülerinnen a Schüler. Dat géing hëllefen, fir dann dat Richtegt ze fannen.
Natierlech probéieren och d’Lycéeën, sech un d’Demande vum Aarbechtsmarché unzepassen. Esou zum Beispill de Lycée Josy Barthel, dee verschidde Sektiounen a Richtung Constructiounsberuffer ubitt, erkläert den Anes Heider, Architekturproff. De Marc Mootz, Professer-Ingenieur aus dem Arts et Métiers erkläert iwwerdeems, dass et net genuch Jonker gëtt, déi sech a Richtung Elektrotechnik orientéieren, fir d’Demande um Terrain ofzedecken.
45 Lycéeën a Schoule sinn op der Foire vertrueden an iwwer 70 verschidde Formatioune gi virgestallt, heescht et vun offizieller Säit. Et gëtt vill Wäert op d’Interaktioun geluecht: Eng 500 participativ Animatioune ginn insgesamt ugebueden.
D’YEP! Schoulfoire riicht sech haaptsächlech u Schoulklassen. Sou wéi schonn de ganze Sonndeg iwwer ass se awer och en Dënschdegnomëtteg fir de Public op. Hei huet een dann als Famill d’Méiglechkeet, déi verschidden Ausbildungen a Beruffer kennenzeléieren an och deels selwer auszeprobéieren. En Dënschdeg an e Mëttwoch ass d’Schoulfoire dann nees just fir d’Schoulklasse reservéiert.