En Dag, dee vill Leit wéilte vergiessenViru 5 Joer ass Lëtzebuerg an den éischte Corona-Lockdown gaangen

Marc Hoscheid
Et ass een Evenement, un dat sech wuel vill Leit nach ganz gutt erënnere kënnen, och wa se et am léifste vergiesse géingen.

Haut op den Dag genee viru 5 Joer ass Lëtzebuerg an deen éischte Corona-Lockdown gaangen. Dat hat de Regierungsrot e puer Deeg virdrun decidéiert, fir direkt Kontakter tëscht de Leit an esou d’Verbreedung vum COVID-19-Virus anzeschränken.

Deel vum Lockdown war ënnert anerem, datt d’Altersheimer, d’Schoulen, d’Caféen, d’Restauranten an déi meeschte Geschäfter hu mussen zoubleiwen. Doriwwer eraus goufen all kulturell, sportlech a festlech Aktivitéite annuléiert.

Viru 5 Joer ass Lëtzebuerg an de Corona-Lockdown gaangen
A knapp zwou Wochen, nodeems den éischte Fall am Grand-Duché, Enn Februar 2020 detektéiert gouf, ass alles ganz séier gaangen.

Mam Auto huet ee just aus bestëmmte Grënn duerfe fueren. An deenen nächste Méint a Jore hu sech ëmmer nees méi labber a méi streng Reegelen ofgewiesselt. De 5. Mee 2023 huet d’Weltgesondheetsorganisatioun déi international Noutlag schliisslech opgehuewen.

Back to Top
CIM LOGO