Am Alter vun 98 JoerViru fënnef Joer ass de Grand-Duc Jean gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den 23. Abrëll 2019 koum d'Nouvelle, datt de fréiere Staatschef mat 98 Joer un de Suitte vun enger Longenentzündung gestuerwen ass.

Fënnef Joer ass et elo schonn hier, datt de Grand-Duc Jean verscheet ass.

36 Joer laang stoung de Grand-Duc Jean, deen den Troun am Oktober 2000 u säin eelste Jong Grand-Duc Henri ofginn huet, un der Spëtzt vum Land. Deementspriechend grouss war och d’Participatioun vum Public a vun Dignitairen aus dem Ausland, déi dem Grand-Duc Jean déi lescht Éier erweise wollten. An den Deeg no sengem Doud hunn Dausende Leit sech et net huele gelooss, viru senger Lued am groussherzogleche Palais ze defiléieren an him ee leschten “Äddi” ze soen.

De 4. Mee war dunn d’Staatsbegriefnes fir de verstuerwene Grand-Duc. D’Mass gouf geleet vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerech. De Grand-Duc Jean gouf duerno an der Krypta vun der Kathedral bäigesat, an där och scho seng Elteren, d’Grande-Duchesse Charlotte an de Prënz Felix vu Bourbon-Parma, genee wéi seng Fra d’Grande-Duchesse Joséphine Charlotte hir Rou fonnt hunn.

VIDEO: Erënnerungen un de Grand-Duc Jean (1921-2019)
De Staatschef ass 98 Joer al ginn.

De Grand-Duc Jean stoung sengem Vollek no, an dat schonn zanter jonke Joren. Am Zweete Weltkrich huet hien un der Säit vun den Alliéierten am Krich gekämpft. D’Freed war grouss, wéi hien zesumme mat sengem Papp den 10. September 1944 un der Befreiung vum Grand-Duché deelgeholl huet.

Privat war de Grand-Duc ënnert anerem och immens bei de Scouten engagéiert. Direkt nom Krich huet hien d’Spëtzt vun der Lëtzebuerger Scoutebeweegung iwwerholl. Esou war et och net verwonnerlech, datt d’Scoute beim Staatsbegriefnes eng besonnesch grouss Roll gespillt hunn. An engem sougenannte Stäremarsch koume si aus allen Himmelsrichtungen an der Stad zesummen an hunn dem Grand-Duc Jean bei der Gëlle Fra mat engem traditionelle Scoutelidd Äddi gesot.

Staatsbegriefnes: Déi emotionaalst Momenter
E Samschdeg, 4. Mee huet Lëtzebuerg sengem verstuerwene Staatschef, dem Grand-Duc Jean, Äddi gesot.

Back to Top
CIM LOGO