"Zukunft made in Europe"Volt presentéiert Kandidaten a Programm fir Europawalen 2024

RTL Lëtzebuerg
Mat dräi Fraen an dräi Männer, gebuer tëscht 1982 an 1999, trëtt Volt Lëtzebuerg bei den Europawalen un.

Op der Lëscht stinn d’Aurélie Dap (1992 - Comptabel) aus der Stad, de Philippe Schannes (1989 - Philosophie-Professer) vu Wecker, d’Lara Marwaha (1982 - Ingenieur an der Recherche), aus der Stad, d’Conny Jaroni (1985 - Gestionnaire an enger Maison Relais) vun Diddeleng, den Daniel Silva (1983 - Formateur fir Informatik) vu Schëffleng an de Samuel Moïse (1999 - Student fir Ekonomie an Droit) vu Miersch.

Déi Lëtzebuerger Sektioun vun der paneuropäescher Partei trëtt mat véier grousse Punkten un: Si wëllen eng EU, déi opbléit, an eng nei Legitimitéit kritt. D’Opbléie vun der EU soll da jidderengem ze gutt kommen, genau esou wéi eng nei Ekonomie, déi jidderengem, deen an der EU lieft, zegutt kënnt. Weider setzt sech Volt fir eng ambitiéis Agenda a punkto Klima fir Europa an. All d’Detailer fannt Dir an hirem Schreiwes.

Volt wëll sech als Alternativ zu den anere Parteien an de Krisen, déi et aktuell an Europa gëtt, presentéieren: Dat fir e vereenegt, federaalt an demokratescht Europa.

PDF: D'Schreiwes vu Volt

Back to Top
CIM LOGO