
Deemno wäerte Clientë vun der Post nom September keng MMSe méi schécken a kréie kënnen. Eng MMS gëtt verschéckt, wann ee Fotoen, Videoen oder aner Annexe per SMS verschéckt. Bei iPhone-User ass dat just de Fall, wann een enger Persoun en Unhang schéckt, déi keen iPhone huet, respektiv d’Funktioun vum iMessage oder d’Internet-Connectioun net un huet.
D’Post begrënnt d’Decisioun domat, datt an de leschte Joren net méi vill MMSe verschéckt goufen. Doriwwer eraus géingen ëmmer méi Leit d’Messenger-Déngschter wéi Whatsapp, Signal, Viber oder Messenger benotzen, well dës net an der Gréisst limitéiert sinn an näischt kaschten. Dës recommandéiert d’Post hire Clienten dann och nieft E-Mailen als Alternativ zu den MMSen.
Op hirem Site huet d’Post och eng Rei Äntwerten op Froen opgelëscht, déi am Kontext vum Enn vum MMS-Service kéinten opkommen. Sou wéi wat geschitt, wann een trotzdeem eng MMS verschéckt oder ob de Client trotzdeem bezilt, och wann d’MMS net duerchgaangen ass.
