PetitiounenVum Mäerz u kéint et zu gréissere Changementer kommen

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem wäerten d'Petitiounen an Zukunft 1.000 Ënnerschrëfte méi brauchen, fir kënnen an der Chamber diskutéiert ze ginn.

Et war scho virun annerhallwem Joer annoncéiert ginn, ma vu Mëtt Mäerz u wäerten Ännerunge bei de Petitioune spillen. E Mëttwoch war déi zoustänneg Chamberkommissioun beieneen, wou zeréckbehale gouf, dass an Zukunft net méi 4.500, mä 5.500 Ënnerschrëften néideg sinn, fir dass et zu engem ëffentlechen Debat kënnt.

Dat huet d’Presidentin vun der Kommissioun, d’LSAP-Deputéiert Françine Closener de Kolleege vum Tageblatt confirméiert. Ausserdeem muss ee sech an Zukunft via säi Luxtrust-Certificat umellen, fir eng Petitioun kënnen eranzereechen.

Huet eng Petitioun den néidege Seuil vun de 5.500 Signatairen erreecht, muss en Debat bannent de nächste véier Méint organiséiert ginn. Och deen Delai ass nei.

An den Debat selwer gëtt méi konkret strukturéiert. Wann de Chamberplenum zoustëmmt, wäerten déi nei Dispositioune vum 15. Mäerz u spillen.

Back to Top
CIM LOGO