Coronavirus zu LëtzebuergVun 1.161 Tester waren der 5 positiv, keen neit Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 5 positiv geteste Patienten, 3 vun hinne si Residenten. Dat fir den 23. August. Et goufen 1.161 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 7.794 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 730.208 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 564 aktiv Infektioune ginn a 7.106 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 31 (-6) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 1 (-2) Patiente sinn op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,110. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO