Alkohol um SteierVun 112 kontrolléierten Automobilisten haten der 8 gedronk

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, goufen e Freideg den Owend an an der Nuecht 2 Alkoholkontrollen duerchgefouert, déi vum Parquet ordonéiert waren.

Tëscht 23 Auer a moies 0.30 Auer hunn zu Bartreng op der Lonkecher Strooss 63 Automobiliste musse blosen, an 3 Fäll war den Test positiv.

Tëscht 2.30 an 3 Auer war dann zu Schuller eng Kontroll, dat och op der Lonkecher Strooss. Vun 49 Chaufferen haten der 5 ze vill gedronk. 2 Fürerschäiner goufen nach op der Plaz agezunn.

Zwee weider Fäll vun Alkohol um Steier

An der Nuecht op e Samschdeg géint 4.15 Auer war eng alkoholiséiert Automobilistin op der A7 vu Miersch a Richtung Schieren ënnerwee. Si huet direkt e puermol d’Leitplanken touchéiert a konnt zu Ettelbréck vun der Police gestoppt ginn. D’Fuererin hat e gutt Stéck ze vill gedronk a krut de Permis ewechgeholl.

Géint 3.42 Auer e Samschdeg de Moie fréi huet en Automobilist an der Stad an der Avenue de la Porte Neuve eng Stroosseluucht ëmgerannt an huet sech an der Suite duerch d’Bascht gemaach. D’Police huet de schëllege Chauffer awer fonnt. Hien hat ze vill gedronk an de Permis war fort.

Back to Top
CIM LOGO