Konkret kritiséiert déi gréissten Oppositiounspartei de Gesetzesprojet, deen den CSV-Inneminister Léon Gloden am Januar presentéiert huet, dat fir den EU-Migratiouns- an Asylpakt an déi national Gesetzgebung ze integréieren. D’Regierung géif méi restriktiv virgoen, wéi dat an der EU-Direktiv u sech virgesi wier.
Mat Häerz a Verstand wëll d’Regierung d’Migratiouns- an Asylpolitik hei am Land mat engem neie Projet de Loi méi effikass a solidaresch maachen. Ma genee dat Häerz an dee Verstand wieren op der Streck bliwwen, dat behaapt op d’mannst déi gréissten Oppositiounspartei LSAP. Lëtzebuerg wier traditionell ee Migratiounsland: D’Migratioun hätt de finanzielle Wuelstand geséchert, mee och d’Gesellschaft beräichert, esou d’Fraktiounscheffin Taina Bofferding:
“Dës Zäite schéngen awer elo eriwwer ze sinn. Déi aktuell Regierung, virop mat hirem Inneminister, hunn nämlech decidéiert, mat deem Modell ze briechen, well si méi restriktiv virginn, wéi d’EU-Reegelen dat verlaangen.”
Méi streng wier d’Regierung zum Beispill an den Delaien, fir Recours géint eng Asyl-Decisioun ze maachen. Ma och déi geplangte Screening-Prozedur wier net objektiv genuch organiséiert. Konkret géif hei net genuch tëscht de Responsabele vu Kontroll an Decisioun getrennt ginn. Dat géif net dat néidegt Vertraue schafen, esou d’LSAP-Deputéiert Liz Braz:
“Vertraue fir eng Persoun, déi aus engem Krisegebitt kënnt, déi eng laang Rees hannert sech huet, déi warscheinlech och e gewëssenen Trauma mat heihinner bréngt, keng Sprooch schwätzt, déi net weess, wéi deen heite System funktionéiert, ma déi muss kënne vertrauen, dass hire Fall objektiv, neutral an ouni virgefaasste Virstellungen evaluéiert gëtt. Effizienz eleng däerf net déi eenzeg Devise sinn.”
Dofir bräicht et der LSAP no eng aktiv Integratiounspolitik: Den Delai fir eng Aarbechtsautorisatioun ze kréien, soll vu sechs Méint op ee Mount verkierzt ginn. Et misst awer och méi no Kompetenzen orientéiert ginn, wéi den Olivier Cano, Member vum Comité Directeur vun der LSAP, erkläert:
“Wann een hei ukënnt, maache mer e Sécherheetscheck, mir maachen e Vulnerabilitéitscheck, da kënne mer och e Kompetenzcheck maachen, well et kann net sinn, dass mer net wëssen, wat fir eng Kompetenzen déi Leit hunn, obwuel mer awer op verschidde Kompetenzen dréngend mussen zréckgräifen. An dat ass och d’Viraussetzung, fir eng effikass Orientéierung an Integratioun um Aarbechtsmarché hinzekréien.”
Den Zoustand an d’Kapazitéite vun den ONA-Strukture sinn der gréisster Oppositiounspartei dann och een Dar am A. D’Logementskris wier ee vun den Haaptausléiser vun dëse Problemer.
Um Enn misst sech d’Regierung bewosst sinn, datt et an der Migratiounspolitik ëm Mënsche geet: D’Beispiller aus den USA géife weisen, wéi geféierlech et wier, wann dës géif un d’Sécherheetspolitik geknäppt ginn, esou nach d’LSAP.