MeteoluxVun nächster Woch u falen zu Lëtzebuerg déi éischt Schnéiflacken

RTL Lëtzebuerg
Op alle Fall sinn dat d'Previsiounen aus dem neiste Bulletin vu Meteolux.
© Gael Arellano [RTL Lëtzebuerg]

Um Enn vun der Woch sollen d’Temperature signifikant erofgoen, Ufank nächster Woch gesäit Meteolux dann den éischte Schnéi vir. D’Temperature sollen dann och Enn der Woch, Ufank nächster Woch op ënner 0 Grad falen.

U sech sollten d’Temperature schonn dës Woch ënnert de Gefréierpunkt falen, elo sinn d’Viraussoe fir en Dënschdeg virgesinn. Moies sollen d’Temperaturen tëscht -2 an 0 Grad leien, mëttes dierften d’Temperaturen da liicht klammen, dat op tëscht 2 a 4 Grad. Dëst wieren a sech ideal Konditioune fir Schnéi. Leie bleiwen dierft dësen awer net, dat well vun en Dënschdeg op e Mëttwoch Ree virgesinn ass.

Et ass dann och virgesinn, dass et méi probabel wäert sinn, dass et op méi héije Plaze schneit an dat och éischter am Norde vum Land.

© Gael Arellano [RTL Lëtzebuerg]

Back to Top
CIM LOGO