Aggressioune virum FindelWallisse léise Kläpperei um Parking Kiss&Fly aus

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie géint 10 op 8 gouf et eng Kläpperei um Parkplaz Kiss&Fly um Findel. 
© RTL-Archiv

E Samschdeg de Moien géint 10 op 8 gouf t eng Kläpperei um Parkplaz Kiss&Fly um Findel.

E Chauffer war mat sengem Auto stoe bliwwen, fir Wallissen anzelueden. Hien huet domadder awer d’Strooss blockéiert, esou datt een aneren Automobilist net laanscht koum.

Deen ass doropshin aus dem Auto geklommen an ass aggressiv ginn. De Mann huet deen anere Mann a säin Auto mam Fouss gerannt.

Deen huet eng Plainte gemaach, ënnert anerem wéinst Coups et blessurees volontaires.

Back to Top
CIM LOGO