
Et géif dacks virkommen, dass d’Barrière an der Rue de l’Alzette zu Hielem net funktionéiert. A wann dat (erëm) de Fall ass, hunn d’Awunner e grousse Problem: entweder komme se net an hir Strooss eran, oder si komme net méi eraus. Bis d’Barrière nees operabel ass.
Op de soziale Medien maache besuergten Awunner hirem Ierger an hire Bedenke Loft. Wat geschitt bei engem Noutfall?
Déi Rue de l’Alzette zu Hielem ass eng Sakgaass - den eenzeg méiglechen Auswee wier d’Vëlospist déi dolaanscht féiert.
Dës Alternativ ass awer vun Ponts et Chaussées* mat Péil zougemaach ginn.
Aus dem CFL-Departement vun der Kommunikatioun krut RTL op Nofro hin dat hei zu deem Problem matgedeelt:
“Virop läit et eis um Häerze ze soen, dass mir den Ierger vun de Awunner verstoe kënnen. Gläichzäiteg ass et awer och wichteg ze soen, dass déi Barrière richteg funktionéiert huet, an am Fall vun enger Stéierung zoubleift, fir d’Sécherheet vun de Clienten am Zuch a vun de Automobilisten ze garantéieren.
Nieft de rezente Stéierungen (vum 10.03 bis den 17.03 war d’Barrière effektiv siwe Mol wéinst der selwechter Ursaach gestéiert), huet des Barrière an der Vergaangenheet zouverlässeg funktionéiert (2024 war iwwert dat ganzt Joer just eng Kéier e Problem opgedaucht). D’Ursaach hannert de Stéierunge war en Defekt (Wackelkontakt) un engem elektronesche Baudeel vun der Barrière. De Problem konnt awer entretemps identifizéiert a geléist ginn.
Wichteg ze soen ass och nach, dass an engem Noutfall, d’Rettungskräften oder Forces de l’ordre d’Méiglechkeet hunn, déi Barrière manuell opzemaachen. Aus Sécherheetsgrënn bleift dës jo, wéi gesot, automatesch zou.”
D’ Buergermeeschtesch vu Luerenzweiler Marguy Kirsch-Hirtt huet drop higewisen, dass wa Bierger Problemer hunn, déi sech och zu all Ament kënnen op der Permanence-Nummer vun der Gemeng mellen (Telefonsnummer vum technesche Service: 337 268 733).
*An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, dass d’Gemeng de Vëloswee gespaart huet.