Am Norde falen d’Peegelen awer nees an d’Alerte orange ass opgehuewen: Ënner anerem d’Sauer zu Bollenduerf huet am Laf vun der Nuecht hire Pic vu 4m16 erreecht gehat a fält zanterhier nees lues. Dat selwecht gëllt fir d’Our zu Veianen.
Och zu Dikrech falen d’Peegelen nees, ma de Waasserstand wäert d’"Cote de vigilance orange” viraussiichtlech réischt am fréien Owend ënnerschreiden. D’Uelzecht zu Ettelbréck war en Donneschdeg am Laf vum Mëtteg jo iwwert de roude Gefore-Level vun 2m30 geklommen, ass mëttlerweil awer nees zeréckgaangen.
D’Musel war dogéint weider um Klammen, dat bis bis e Freideg den Owend. D’Vigilance orange gouf eréischt e Samschdeg am Laf vum Dag op “Giel” erofgestuuft.
Bis e Samschdegowend waren d’Peegelstänn laanscht Musel nach an engem méi héije Beräich, ier se dann e Sonndeg spierbar zeréckginn Zu Stadtbredimus gëtt d’Cote de vigilance jaune vun 5,30 Meter viraussiichtlech e Sonndeg de Moien ënnerschratt.
D’Héichwaasser-Previsiouns-Zentral am Waasserwirtschaftsamt hat en Donneschdeg am spéiden Nomëtteg jo schonn eng Alerte orange fir d’Muselgebitt ausgeruff, wéinst eben engem Risk vu lokalen Iwwerschwemmungen a Schied.
Fir de Süden ass e Freidegmoien d’Vigilance orange vum Waasserwirtschaftsamt dann och nees opgehuewe ginn, fir den Norde bleift se awer bis e Freidegowend a fir d’Musel bis e Sonndegowend bestoen.
D’Entwécklunge vun der Héichwaasser-Situatioun kënnt Dir op inondations.lu suivéieren.
(09.01.24) Héichwaassersitution: Uelzecht a Sauer erreeche plazeweis d’Cote de vigilance rouge