EuropolWarnung virum Online-Kaf vu gefälschte Medikamenter

RTL Lëtzebuerg
Et géingen ëmmer méi där gefakte Medikamenter um Internet ugebuede ginn. 2024 goufen der fir iwwer 11 Milliounen Euro vum Maart geholl.

Kriminell Reseaue verkafe mannerwäerteg oder gefälschte Medikamenter a Produiten, déi net méi an der legaler Distributioun sinn. D’Konsumente gi Brigange Suen, riskéieren hir Gesondheet a schueden der Ekonomie, sou Europol um Méindeg. Op soziale Medien, Online-Butteker an am Dark Web gëtt op anonymiséiert Manéier mat Medikamenter gehandelt.

Tëscht Abrëll an November zejoert hu sech Police, Justiz, Douane, Medezin an Anti-Doping-Autoritéiten aus 30 Länner an der Operation SHIELD zesummegedoen. Europol hat dës global Aktioun fir d’Lutte géint den Handel mat gefälschten oder ënnert falscher Etikette ugebuedene Medikamenter an illegalen Doppingmëttelen dirigéiert. D’Editioun 2024 vun där Operatioun gouf vu franséischen, griicheschen, italieeneschen a spuenesche Police-Agencë geleet.

Déi Lëtzebuerger Douane war net un dëser Operatioun bedeelegt.

418 Persoune goufe verhaft, ugeklot oder strofrechtlech poursuivéiert. Géint 52 organiséiert Gruppéierunge vu Kriminelle gouf enquêtéiert. Véier ënnerierdesch Laboe goufen zerstéiert. Déi global Saisie am Wäert vun iwwer 11 Milliounen Euro ass zesummegesat aus 426.016 illegale Päck mat illegalen Medikamenter, 4.111 Kilogramm Polver a Réimaterial, 108 Liter Wierkstoff, 174.968 Flaconen an Ampullen an iwwer 4.683.426 Tabletten a Pëllen.

Dës Kriminalitéit am Beräich vun de Medikamenter hätt direkt Auswierkungen op déi ëffentlech Gesondheet a Sécherheet, sou Europol. Nieft dem finanzielle Verloscht vun de Pharmabetriber géif och d’Investitioun an d’Recherche dorënner leeden.

Back to Top
CIM LOGO