
E bësse méi verséinlech Téin gouf et en Donneschdeg bei der CMCM. Bei enger Reunioun mam neie President Gilbert Goergen an dem revoquéierte President André Heinen kruten d’Salariéë vun der CMCM verséchert, datt de ganzen Zodi näischt mat hinnen ze dinn hätt. Weder hir Aarbechtsplazen nach d’Leeschtunge fir d’Assuréë wieren a Fro gestalt.
D’Assemblée générale extraordinaire an enger Woch soll, RTL-Informatiounen no, och gemeinsam vun den Häre Goergen an Heinen geleet ginn.