Duerch eng Kriibsdiagnos géif een e bëssen aus dem Liewen erausgerappt ginn. “Mir hu Patienten, déi kommen direkt no der Diagnos bei eis, fir ee psychologesche Soutien ze kréien. Anerer kommen no den Traitementer bei eis, fir driwwer ze schwätzen (...) Duerfir hu mer elo dee ganze Projet vum ‘Retour au travail’ op d’Bee gestallt”.
Um Dënschdeg ass Weltkriibsdag. D’Preventioun, d’Erfuerschen an d’Behandlung vun de verschiddene Kriibszorte soll an der Ëffentlechkeet thematiséiert ginn.