Bei Leukemie kann eng Stammzellespend dem Betraffenen hëllefen. Fir de passende Spender ze fannen, de geneteschen Zwilling, brauch et eng riseg Datebank mat Bluttprouwen.
Beim Plooschterprojet kann ee sech zanter 10 Joer als potentielle Spender registréieren. Mir hunn zwee Spender getraff, déi mat hire Stammzellen engem anere Mënsch d’Liewe konnte retten.
Bis elo hunn iwwer 13.000 Leit sech beim Plooschterprojet enregistréiere gelooss. An enger éischter Phas kritt ee just Blutt ofgeholl. A wann een als Spender a Fro kënnt, gëtt ee vun der Stefan-Morsch-Stiftung an Däitschland kontaktéiert.
Et kann een iwwer zwee Weeër spenden: mat enger Blutttransfusioun oder et gi Stammzellen aus dem Becke geholl. A 95% gëtt een awer geruff, fir Blutt ze ginn.