Fiktiv oder falsch KrankeschäinerWéi e Rôle spillt de Collège médical?

Claudia Kollwelter
D'Gesondheetskeess huet an der Lescht puer Mol op de Problem vu falsche Krankeschäiner opmierksam gemaach.
© RTL-Archivbild

Och de Collège médicale ass sech der Problematik och bewosst.

Collège médical iwwer Certificaten / Reportage Claudia Kollwelter

Den Deontologieskodex vun den Doktere beseet, datt e Certificat gewëssen Normen entsprieche muss, erkläert den Dr. David Heck, Generalsekretär vum Collège médical.

“Dat fänkt u mat dem Datum, wéini e geschriwwen ass, dass kloer drop steet, wéi een Dokter dee Certificat ausgestallt huet, firwat en e Certificat ausstellt a virun allem wat en domadder zertifiéiert.”


An do hätt een an de leschte Joren effektiv Certificaten erageschéckt krut, déi deenen Normen net entsprach hunn.

“Zum Beispill wou Saachen zertifiéiert gi sinn, déi net medezinesch sinn. An en Dokter kann nëmmen eppes zertifiéieren, wat och wierklech medezinesch ass. An aner Saache gehéieren am Fong net doranner.”


Krankeschäiner, déi um Internet bei fiktiven Doktere bestallt ginn, sollen der CNS no zougeholl hunn. D’Gesondheetsministesch Martine Deprez hat an deem Kontext am RTL-Interview gesot, datt een am Ministère keng schwaarz Lëscht vun Dokteren hätt, déi Gefällegkeetskrankeschäiner ausstelle géifen a gesot, et wier vill méi um Collège médical an der CNS, do aktiv ze ginn.

Dozou seet den Dr. David Heck: “Wat mir kënne feststellen, dat ass, dass sech net un Ausstellungsreegele gehale ginn ass, dass en Zertifikat net op de richtegen Datum geschriwwe ginn ass, dass en ze wäit réckleefeg geschriwwe ginn ass, dass e vläicht net vun deem Dokter ausgestallt ginn ass, deen drop steet.”

De Collège médical kéint en Dokter awer zum Beispill just sanktionéieren, wa si vun der CNS gemellt kréien, datt dee sech net un d’Reegele gehalen huet. Et wier net an hirer Kompetenz, ze jugéieren, ob e Patient wierklech krank an e Certificat ubruecht war.

“An dat ass den Dokter, dee gesäit de Patient an dee feststellt, dass dee Patient aus gesondheetleche Grënn eng gewëssen Zäit net ka schaffen, dann ass den Dokter, deen dat zertifiéiert. Et steet eis net zou, a mir hunn och guer net d’ Moyenen, fir ze kucken ob dat elo medezinesch gerechtfäerdegt ass oder net. Dat ass net eis Aufgab. Dat ass d’Aufgab vun dem Contrôle médical. Deen huet déi Méiglechkeet, déi Patienten ze ruffen, ze ënnersichen a festzestellen, sinn déi tatsächlech elo krank oder net. Dee Moyen hu mir iwwerhaapt net.”

Ob Abuse vun Doktere gemaach ginn, dozou hätt de Collège médical keng Donnéeën. An och net op e Patient sech zum Beispill vu verschiddenen Doktere krank schreiwe léisst. Dat wéisst eleng d’Gesondheetskeess, huet den Dr. Heck nach betount.

An de leschte 15 Joer hätt et iwwerdeems just ee Fall ginn, wou e Conseil de discipline géint en Dokter decidéiert gouf op Grond vu Krankeschäiner, huet de Generalsekretär vum Collège médical präziséiert.

Back to Top
CIM LOGO