D’Wëssenschaftlecht Kënne weisen a sech wéi e richtege Chercheur fillen - deem Challenge hunn um Dënschdeg eng 140 Schüler op der europäescher Naturwëssenschafts-Olympiad gestallt. Dëst Joer huet Lëtzebuerg invitéiert, an en Dënschdeg de Moien huet sech déi éischt Hallschent vun den am ganze 46 Ekippen der Erausfuerderung um Campus Lampertsbierg gestallt. D’Anne Wolff war fir eis beim Startschoss dobäi.
En Dënschdeg de Moien um kuerz virun 8 Auer an de Gäng vum Science-Gebai um Campus Lampertsbierg: Nervös waarden d’Schüler drop an d’Laboratoiren eran ze dierfen. Een dovunner ass de Max Brimmeyer aus dem Kolléisch. “Ech si schonn e bëssen nervös, mee wa mir an der Ekipp schaffen, wäerte mir dat schonn hikréien”, erkläert den Troisièmes-Schüler. Hien ass ee vu sechs, dee Lëtzebuerg vertrëtt.
Alles an allem maachen Delegatiounen aus 24 Länner mat.

An de Laboe lafen zu deem Moment déi lescht Preparativen, fir dass och wierklech all Grupp déi selwecht Konditiounen huet. An Ekippe vu jee dräi Leit mussen d’Schüler tëscht 15 a 17 Joer eng eege Recherche maachen, an a 4 Stonnen hir Resultater presentéieren. De Questionnaire gouf dofir an iwwer 20 Sproochen iwwersat.
Well um Dënschden de Mëtteg nach déi zweet Hallschent dru kënnt, konnt een eis déi genee Aufgab net verroden- nëmmen esou vill: Gebraucht gi Kenntnisser a Physik, Bio an an der Chimie, an de gefroten Niveau entsprécht dem 1. Joer Uni.

Eng international Jury vun 13 Proffe mécht um Dënschden den Owend dann d’Verbesserung. Déi beschten Ekipp kritt zwar eng Medail, ma de Concours huet haaptsächlech ideelle Wäert. Lëtzebuerg hätt déi lescht zwee Joer mat der 4., respektiv 3. Plaz relativ gutt ofgeschnidden, erkläert den Organisateur a President vun der asbl Naturwëssenschaftsolympiad, Jeff Kohnen.
Donieft geet et awer och drëms, sech kennenzeléieren. Dofir stinn ënnert anerem kulturell Visitten um Programm.
Bei enger Saach wier dann och nach Loft no uewen: Besonnesch am Beräich Physik wieren d’Meedercher nach ëmmer däitlech an der Ënnerzuel.
D’Naturwëssenschaftsolympiad huet e Käschtepunkt vu 400.000 Euro. D’Hallschent iwwerhëlt den Educatiounsministère, déi aner Hallschent gëtt finanzéiert vu Sponsoren.
E Mëttwoch haten d’Schüler d’Méiglechkeet, fir d’Stad bei engem Rallye méi genee kennenzeléieren.