
Bei Gewalt üübt ee Muecht aus, et forcéiert een deen anere Saachen ze maachen, déi een net fräiwëlleg géing maachen. Am Kontext vun der Violence conjuguale spillt sech dës Gewalt an oder och nach no der Bezéiung of. Och wann et ëmmer erëm Frae a Männer ginn, déi der Meenung sinn, datt hinnen esou eppes net geschitt, ass et allerdéngs esou, datt jiddereen an esou eng Gewaltbezéiung ka geroden.
Meeschtendeels kommen esou Situatiounen net am Ufank vir, et geet also lues a lues un. Et fänkt mat psychescher Gewalt un, mat Muecht, mat obsessiver Jalousie a mat Kontroll. E weidere Faktor ass d’Manipulatioun, duerch déi een et am Ufank net mierkt, wat genee geschitt. Wann et engem da bis opfält, datt do eppes net stëmmt, dann ass ee scho laang an esou enger Gewaltbezéiung dran, esou d’Monique Lucas, d’Responsabel vu VISAVI, enger Adress fir Fraen, déi Gewalt erliewen. Mat dem rosaroude Brëll, deen een am Ufank vun enger neier Bezéiung un huet, falen engem déi kleng Alarmzeechen net sou op, wéi se sollten. Et huet een dann éischter d’Tendenz, de Partner ze idealiséieren.
E gutt Beispill ass, wann de Partner een opfuerdert, sech net méi mat der Famill respektiv de Frënn ze treffen. Dacks kënnt et vir, datt déi da vum Partner schlecht gemaach ginn. Säi Wonsch, just Zäit eleng mat engem ze verbréngen, hëlt een duerch d’Päiperleken am Bauch éischter als e Kompliment op. Dëst gëtt och vun der Manéier bekräftegt, wéi de Partner virgeet. Engersäits seet en eppes Negatives, zum Beispill, fir net mat Frëndinnen iessen ze goen an duerno eppes Positives, wéi dass hien esou frou mat engem ass an zu all Moment mat engem wëll Zäit verbréngen. Et huet een nu mol d’Tendenz da just dat Positiivt ze verhalen. Weider Unzeeche si Jalousie a Kontroll. Aner “Redflags” sinn, datt ee kee Fräiraum méi huet, datt ee sech net méi wuel fillt a senger Haut an datt d’Selbstvertrauen ëmmer méi kleng gëtt. Dëst geschitt, wann ee sech ëmmer méi un de Partner upasst, wann ee versicht, him et ëmmer Recht ze maachen. Et ass einfach esou wichteg op säin eegent Bauchgefill ze lauschteren.
Meeschtens gëtt méi wéi eng Form vu Gewalt ausgeüübt. Et fänkt dacks mat psychescher Gewalt un. Da gëtt et nach déi finanziell an déi sexuell Gewalt. Am bekanntsten ass déi physesch, déi och offensichtlech Spueren hannerléisst.
Psychesch Gewalt
Bei der psychescher Gewalt leit d’Selbstvertraue ganz vill. Lues a lues gëtt ee sech op, et traut ee sech ëmmer manner seng eege Meenung ze soen. Duerch stänneg Kritik, de Fait, lächerlech gemaach an erniddregt ze ginn, oder vernannt ze ginn, fillt ee sech net méi gutt genuch. Aussoe wéi “Du kanns näischt, du bass näischt, du weess näischt, dofir ass et gutt datt s du mech hues”, hannerloossen onsiichtbar Spueren. All déi Aktioune vum Täter ginn dacks op eng subtil Manéier duerchgefouert, fir datt et dem Affer net direkt opfält, erkläert d’Monique Lucas.
Finanziell Gewalt
Dacks ass net gewosst, datt een d’Recht huet, en eegene Bankkont ze hunn. Et huet een och keng Verflichtung dem Partner eng Procuratioun op säi Kont ze ginn, wann een dat net wëll. D’Frae kënne bei der finanzieller Gewalt vun hirem Partner kontrolléiert ginn, andeems si zum Beispill de Keesenticket nom Akafe mussen ofginn. Et kënnt och vir, datt si gezwonge ginn e Prêt mat z’ënnerschreiwen. Fir dat z’erreechen, bleift et net ëmmer eleng bei dëser Gewaltform. Duerch physesch an oder psychesch Gewalt kënne si ënner Drock gesat ginn. Beim VISAVI erliewe si ëmmer rëm, datt d’Fraen net informéiert waren, wat si genee bei engem Prêt ënnerschriwwen hunn. Informatioune feelen net nëmmen doriwwer, mee och iwwer hir Verflichtungen an deem Kontext oder och iwwer déi finanziell Situatioun am Allgemengen. D’Frae verfügen an deem Fall net iwwert hiert eegent Geld a musse froen, fir Suen ze kréien, wa si der brauchen.
Sexuell Gewalt
Sécherlech fält d’Vergewaltegung ënner sexuell Gewalt, awer net nëmmen. Do zielt all Akt dozou, mat deem een net averstanen ass, esou d’Monique Lucas weider. Dozou zielen och ofwäertend sexuell Kommentaren oder datt si gezwonge ginn där Filmer ze kucken. Et ass wichteg, datt d’Frae wëssen, datt si d’Recht hunn Nee ze soen an datt si selwer däerfe bestëmmen, wat hinne gefält. Mat dem “Jo” beim Bestietnis si si net verflicht alles iwwer sech ergoen ze loossen.
Physesch Gewalt
Zu der physescher Gewalt zielt alles, wat méi oder manner siichtbar Spueren hannerléisst. Niewent schloen falen och unhalen, rëselen, stoussen, d’Trap erofgeheien oder mat engem Zigarettestomp verbrannt ze ginn an dës Kategorie. Och hei gëtt zousätzlech psychesch Gewalt mat ausgeüübt.
All des Gewaltforme verstäerken d’Angschtgefiller ëmmer méi vun der Fra an hiert Selbstvertraue gëtt méi kleng. Domadder wëll den Täter seng Muecht demonstréieren.