Kooperatioun vun de Benelux-Staaten"Wéi kënne mer zesumme méi staark ginn?"

Diana Hoffmann
D’Benelux-Staaten zesummebréngen a kucken, wou enk zesummegeschafft ka ginn. Dat war d’Zil vun enger Aarbechtsreunioun vun de Premierministeren.

D’Schlass zu Senneng gouf vum Premier Luc Frieden fir den Accueil vum belsche Premier Bart De Wever a vum hollännesche Ministerpresident Dick Schoof gewielt. “Op Deeg wéi dësen, kritt een nees e wierklecht Gefill fir d’Geschicht”, sot den Dick Schoof op der Pressekonferenz no der Reunioun. Ma d’Benelux-Unioun wier net just Géigestand vun der Geschicht an dëser Zäit vu Konflikter an Onsécherheeten. Se wier méi relevant wéi jee. Ganz Europa hätt e Message kritt. Et misst een opstoen, an zwar zesummen. An dat wier net just wouer fir Europa, mee och fir d’Benelux. Dësen Opruff géing all d’Beräicher concernéieren, mee virun allem d’Sécherheet.

De Premier Luc Frieden ass op verschidde Punkten am Detail agaangen, déi bei der Reunioun, déi gutt annerhallef Stonn gedauert huet, besprach goufen. An der Defense wier et kloer, dass ee wéilt méi zesumme maachen. “Mir si méi effizient, wa mer zesummen akafen. Wa mer zesumme produzéieren.”, huet de Luc Frieden ënnerstrach. Fir eis eege Sécherheet opzestoen, heescht och, dass d’Ukrain weider kann op eis Ënnerstëtzung zielen, esou den hollännesche Premier. De belsche Premier huet da betount, dass misst méi an d’Defense investéiert ginn. Dofir misst gekuckt ginn, wéi ee kéint ekonomesch zesummen dovunner profitéieren.

Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht géint Kriminalitéit

Doriwwer eraus gouf och iwwer eng nach méi enk Zesummenaarbecht vun der Police diskutéiert. Vill organiséiert Kriminalitéit wier nämlech grenziwwerschreidend.

Allen dräi Premieren hunn an dësem Kader d’Schengen-Unioun héichgehalen. Si wiere fir eng fräi Zirkulatioun vun de Leit, mee op där aner Säit wéilt een déi illegal Immigratioun an eben och déi grenziwwerschreidend Kriminalitéit bekämpfen, esou de Luc Frieden. Hie géing awer och Däitschland verstoen, déi jo nees Grenzkontrollen agefouert hunn, well d’Land e Problem mat illegaler Migratioun hätt. Dëst géing nämlech der sozialer Kohesioun vun eise Gesellschafte schueden.

Ech ka mer virstellen, dass Länner Grenzkontrollen als néideg fir eng gewëssen Zäit gesinn. Mee ech si perséinlech net iwwerzeegt, dass, wann ee wëllt illegal Immigratioun oder organiséiert Kriminalitéit bekämpfen, Grenzkontrollen déi bescht Manéier sinn, fir doran z’investéieren. Ech mengen, do géingen et méi effizient Méiglechkeeten”, mengt de Bart De Wever. Allen dräi waren sech dann och eens, dass een dës Problemer net un den EU-Bannegrenze sollt ugoen.

Eng staark Ekonomie fir e staarkt Europa

Op enger Linn war een, wat d’Stäerke vun der Ekonomie ugeet. “E staarkt Europa hänkt och vun enger gesonder europäescher Ekonomie of”, huet den Dick Schoof ënnerstrach. Dofir wier och doriwwer geschwat ginn, wéi d’Kompetitivitéit kéint erhéicht ginn. De Luc Frieden huet ënnerstrach, dass een d’Initiativ géing ënnerstëtzen, de regulatoresche Kader ze vereinfachen, fir déi bürokratesch Laascht an de Länner ze reduzéieren. Den hollännesche Premier huet nach betount, dass d’Benelux d’Dier zu Europa wieren. Dëst wier eng speziell Positioun, un där ee kéint zesummeschaffen a vun där ee kéint profitéieren.

E Rappell vun der Geschicht

Wou d’Benelux am September 1944 gegrënnt ginn ass, war Europa am Krich”, erënnert de Bart De Wever. Déi dräi Länner koumen deemools zesummen, fir ze kucken, wéi een duerch d’Kris kënnt a méi staark gëtt. Den Ament wier een an enger änlecher Situatioun mam Krich um europäesche Kontinent, deen eis affektéiert. Sécherheeten, déi een zanter laangem kannt hätt, géinge verschwannen. “Dofir ass et eng gutt Iddi, nees am Kontext vun der Benelux-Unioun zesummenzekommen an déi selwecht Fro ze stellen: Wéi brénge mer dës Kris hannert eis? A wéi kënne mer nees zesumme méi staark ginn”, esou de belsche Premier.

Souwuel den Dick Schoof, wéi och de Bart De Wever waren dann déi éischt Kéier bei der Benelux-Reunioun als nei Premiere mat dobäi. Hei huet Lëtzebuerg den Ament d’Presidence. Doriwwer eraus war et och dem Bart De Wever seng éischt international Visitt als belsche Premier. Hien ass am Februar Premierminister vun der Belsch ginn. De parteilose Politiker Dick Schoof gouf am Juli zejoert vereedegt.

Back to Top
CIM LOGO