Um Ufank vum Confinement goufen et laang Schlaange bei de Supermarchéen. Ee liewenswichtege Produit kritt awer jiddereen Heem geliwwert, an dat zanter 100 Joer. Proppert Waasser aus dem Krunn.
Wat ass iwwerhaapt alles néideg, dass dat esou einfach bei eis doheem ukënnt a wéi gesäit et mat de Reserven aus?
De Pascal Becker huet Äntwerten op dës Froen.
Dëse Reportage gouf kuerz virum Lockdown fäerdeg gedréit. Dat erkläert dann och firwat een dora keng Mask gesäit.