Fréier Stock-Car-Pist op der SchanzWéi och de Staat den Ëmweltschutz vergiesse kann

Monique Kater
Zënter 1993 gehéiert de fréiere Stockcar-Site op der Schanz dem Staat. Zënterhier ass d'Plaz sech selwer iwwerlooss, ouni Sanéierung.
Wéi och de Staat den Ëmweltschutz vergiesse kann
Zënter 1993 gehéiert de fréiere Stockcar-Site op der Schanz dem Staat. Zënterhier ass d’Plaz sech selwer iwwerlooss, ouni Sanéierung.

Stockcar, Auto- a Motocross. Zënter Joerzéngte faszinéieren dës Sportaarten d’Lëtzebuerger, och wann hautdesdaags kaum nach esou Coursen am Land organiséiert ginn. Ee vun den éischte Sitten, op deem an de 60er Jore scho gefuer gouf, an deen och international bekannt ass, ass d’Schanz an der Gemeng Bech, e puer Kilometer virun Iechternach.

Nodeems de Staat den Terrain 1993 kaf hat, goufe keng Coursse méi gefuer. Wou d’Pist war, ass haut eng vergiesse Landschaft, an där een enger jett Ëmweltsënne begéint. Déi véier Parzelle gehéieren dem Staat haut nach. Op Geoportail steet bei Proprietär: Domaine de l’Etat.

D’Schanz ass ee vun den éischte Sitten, op deem an de 1960er scho gefuer gouf. Ugangs 90er huet de Sportsministère sech op eemol fir dës Plaz intresséiert, fir do selwer Courssen z’organiséieren. Déi Iddi gouf vergiess – a mat hir dat, wat um Site leie bliwwen ass: eng Karkass vun engem Bus, an deem fréier de Jury souz, en Toilette-Won, gefillt 100te grouss Pneuen an – als Kréinung - eng Abberzuel Autoen, déi, sou kënne sech déi erënneren, déi an der Zäit do selwer gefuer sinn, einfach zougetippt gi wieren.

Wann een e bësse wulle geet, fënnt ee se!

Um Wupp vun de Parzellen, déi haut aneschters ausgesinn wéi an de 70er, ass en Deel mam Numm “Lach”. A genau an dësem leien déi Autoen, déi d’Courssen net iwwerlieft hunn. Wat vun hinnen an de Buedem gesickert ass, ass haut schwéier ze soen. Mä genee dat gëtt elo analyséiert, erkläert den Direkter vun der Ëmweltverwaltung Luc Zwank. Hien huet dëse Site vun de leschten Ëmweltministere geierft.

Zënter dem Hierscht wieren d’ Ëmweltsënne bekannt

Zemools well een, deen et hei mat enger Waasserschutzzon ze dinn huet, kritt dee berüümte Stock-Car-, Auto- a Motocross-Site elo eng aner Zort Berüümtheet: de Staat hält seng Gesetzer net an! En Oubli oder éischter eng Noléissegkeet? Den aktuellen Ëmweltminister versprécht Remedur, léisst analyséieren a wann néideg botzen. E schlechte Goût bleift trotzdeem.

Back to Top
CIM LOGO