
Bedruchsmasche kommen a villen ënnerschiddlechen Ausprägunge vir. Vun de sougenannte Phishing-Attacken, bei deenen Täter u sensibel Donnéeë vun hiren Affer iwwer SMSen oder Email-Linke kommen, bis hin zu Onéierlechen, déi sech als Polizisten oder Gemengenaarbechter ausginn, ass alles dobäi. De Marc Wagner, Chef vum Service de Police Judiciaire warnt awer och virun de sougenannte Schockuriff, vun deenen et an der Lescht nees besonnesch vill gouf: “Do geet et u sech drëm, fir déi eeler Leit an eng Stresssituatioun ze versetzen, fir da vun hinnen ze kréien, dass se hir Bijouen oder hir Suen erausginn, well se engem Bekannte wëllen hëllefen, deen anscheinend an Nout ass oder och ganz einfach well se sech géint Krimineller wëlle schützen”. D’Täter, déi sech als Familljemember ausginn, kreéieren dobäi fiktiv Nout-Zenarien, wéi zum Beispill datt een e schlëmmen Accident verursaacht huet an elo nëmme géint eng héich Kautioun aus dem Prisong entlooss gëtt, déi d’Bedruch-Affer iwwerweise soll.
D’Affer ginn ënnert enorme psychologeschen an zäitlechen Drock gesat, fir datt se keng Zäit hunn, nozedenken an de Fuerderunge méiglechst séier nokommen. Och gëtt vun hinne verlaangt, kengem dovunner ze erzielen, fir datt si sech net mat Frënn oder Familljemember, déi de Bedruch opdecke kéinten, berode kënnen. Och wann een iwwerzeegt ass, nimools op esou eppes kënnen eranzefalen, ass Virsiicht gebueden: “Déi Täter si psychologesch ganz gutt geschoult, sou dass et och ka virkommen, dass Leit, déi opgekläert sinn, d.h. déi sensibiliséiert gi sinn an d’Masche kennen, trotzdeem drop erafalen, well se an esou eng extreem Stresssituatioun versat ginn, wou se an engem Nout-Zenario funktionéieren, wou se net méi kloer denke kënnen”, sou de Marc Wagner.
Ass ee selwer vun enger Arnaque betraff an et huet ee sensibel Donnéeën erausginn, soll een direkt seng Bank kontaktéieren, fir datt se all Virgäng blockéiere kann. Déi éischt 48 Stonne sinn heibäi entscheedend, duerno ass et an deene meeschte Fäll ze spéit: “Wann Dir dat net maacht, sinn d’Suen iergendwann iwwer verschidde Konten iergendwou a Länner, wou mir net méi dru kommen an dann ass dee ganze Blanchiment hannendrun, wou een einfach net méi un d’Sue kënnt.” Selbstverständlech soll een och d’Police kontaktéieren a beschtefalls eng Rei Beweismëttel wéi Kontenauszich oder Screenshot’e vu Messagë prett hunn. Am Fall vun engem Schockuruff sollt een zur Preventioun direkt anhänken a sech guer net réischt op e Gespréich mam Täter aloossen.
Vue datt de Groussdeel vun den Arnaquen am Ausland organiséiert gëtt, ass et a ville Fäll schwéier, déi Responsabel z’identifizéieren. Meeschtens sinn et Mëttelsmänner, méi déif ënnen an der Hierarchie, déi gefaasst ginn, mä net d’Organisateuren, sou de Marc Wagener: “Dat ass jo a verschiddenen Niveauen organiséiert, d.h. déi déi et organiséieren, sëtzen iergendwou wäit ewech am Ausland. Déi organiséieren d’Logistik an déi schécke Leit op den Terrain. Déi, déi mir kënne kréien, dat sinn déi, déi op den Terrain geschéckt ginn, well déi dann awer e Kontakt hu mat der Affer”. Och wann d’Police mol gréisser Succèsen, meeschtens an Zesummenaarbecht mat Europol, erzile kann, loosse sech déi geklaute Suen an der Reegel net méi zeréckbréngen.
Jiddereen, egal wéi een Alter, kann Affer vu Bedruch ginn, mä trotzdeem sinn et meeschtens eeler Persounen, déi op Arnaquen erafalen. Nieft der Police hirer Sensibiliséierungscampagne “Léif Boma, léiwe Bopa, Loosst iech net beducksen!” kann awer och jiddereen eppes dofir maachen, fir säin eelert Ëmfeld virun Onéierlechen ze protegéieren, an zwar duerch Opklärung a Preventioun: “Andeem een ëmmer rëm drop opmierksam mécht, déi verschidde Maschen erkläert, et ëmmer rëm widderhëlt (...) Wann ee seng Boma gesäit oder seng Elteren, déi villäicht schonn e bësse méi al sinn, soen: Hues de schonn héiere vun där neier Masch? Do muss de ganz gutt drop oppassen(...)”.