
D'Lëtzebuerger Sprooch behält eng wichteg Roll, soen déi eng. D'Lëtzebuergescht riskéiert auszestierwen, soen déi aner. Wat fir e Stellewäert huet d'Lëtzebuerger Sprooch, wou gëtt se vill genotzt, wou verléiert se un Terrain? Wat soen d'Zuelen, wat sinn d‘Previsiounen a wéi si politesch Mesuren ze bewäerten?
Mir maachen am RTL-Spezial d'Analys mat dësen Invitéen:
Den RTL-Spezial den Owend um 20 Auer op Télé Lëtzebuerg.