Iwwer 1.000 Leit am A behalen, dat ass d’Aufgab vun de Schwammmeeschter a Rettungsschwëmmer. Wat méi Leit Grondkenntnisser hunn, wat am Eeschtfall méi séier ka gehandelt ginn. D’Monica Camposeo war beim Ofschloss vum éischte Rettungsbrevet mat dobäi.
Bal 1.000 Leit goufen zanter dem leschte September vun der Schwammfederatioun (FLNS) ausgebilt. Iwwer 90% vun hinnen hunn den éischte Brevet gemaach.
Esou wéi den Dany Borges an d’Fanny Martins. Si mussen den éischte Brevet wéinst hirem Beruff maachen. Als Léierpersonal muss een nämlech den éischte Rettungsbrevet packen, notamment fir dann och mat de Kanner kënne schwammen ze goen. Ma doduerch géinge si sech och méi sécher fillen, falls mol eppes wier.
Hëllefe kann effektiv jiddereen. A wat méi Leit Grondkenntnisser hunn, wat Accidenter éischter kënne verhënnert ginn, seet de Frank Romani, President vun der Sauvetage-Kommissioun vum FLNS.
Kritt een nach Buedem, kéint een och wann ee net esou geüübt ass engem hëllefen. Am grousse Baseng, wou een net mat de Féiss um Buedem kritt, soll ee léiwer net drasprangen, wann ee kee Brevet huet. Dann gëllt et haart ëm Hëllef ruffen an e Schwammmeeschter sichen.
Wéi vill Schwammmeeschter et an enger Schwämm muss ginn, hänkt net vun der Unzuel vu Leit of. D’ITM gesäit prinzipiell fir, dass et op d’mannst ee Schwammmeeschter pro Schwämm gëtt. Wann et eng Rutsch, en Tuerm oder aner méiglech Gefore-Punkte gëtt, soll méi Rettungspersonal agesat ginn.
Zu Diddeleng an der oppe Schwämm gëtt um Ufank vun der Saison eng Risikoanalyse maachen. Da wier ee bei véier Leit, déi ëmmer mussen do sinn. Dat wier awer de Minimum, betount de Schwammmeeschter Frank Romani. De Rettungsschwëmmer kéint och kee Schwammmeeschter ersetzen.
De Rettungsschwëmmer huet an de meeschte Fäll den 2. Rettungsbrevet, de Schwammmeeschter huet eng Ausbildung vun 3 Joer. Allgemeng ka jiddereen, deen interesséiert ass, e Rettungsbrevet maachen.
Virun allem bei Kanner kann et mol virkommen, dass si beim Spillen oder Rutsche kuerz ënner Waasser geroden an och mol Waasser schlécken. Och bei esou “harmlosen” Situatioune kann et virkommen, dass méi laang nach Waasser an de Longe bleift.
Kanner, wa se sech verschlécken, mierke si dat relativ séier. Si houschten doduerch. An deene meeschte Fäll ass et och méiglech, dat Waasser, wat si vläicht ageotemt hunn, och erëm erauszekréien. A ganz wéinege Fäll kann et och mol dozou féieren, dass nach en Deel vum Waasser an de Longen ass, wat dann och méiglecherweis d’Long ka schiedegen. Do ginn et verschidde Symptomer, un deenen een direkt mierkt, och bësse méi spéit kann erkennen, dass esou eppes geschitt ass. Dat wier da mol, dass d’Kand ufänkt ganz vill ze houschten, dass et seng Broscht wéi huet. Dass et eng flaach Ootmung huet. Méi spéit kann et sinn, dass et Féiwer kritt. Am Ufank ass et och nach esou, dass si ganz agitéiert sinn, duerno awer méi apathesch ginn oder midd ginn. Si fänken dann och spéider un eventuell Féiwer ze maachen.
Dann ass et wichteg, direkt an d’Spidol ze goen. Och wann e Kand net laang ënner Waasser war, mä awer Symptomer opweist, soll ee bei engem Doute léiwer an d’Kontroll goen, esou nach de Schwammmeeschter Frank Romani. Et kéint och emol ganz séier goen, dass een ze vill Waasser ageotemt huet.