
Nodeems d’Piloten e Méindeg an en Dënschdeg d’Aarbecht néiergeluecht haten, an dunn e Mëttwoch an en Donneschdeg d’Kabinnepersonal gestreikt huet, ass et elo nees un de Piloten. Hannergrond ass weiderhin de Sträit ronderëm en neie Tarifvertrag a besser Aarbechtsconditiounen.
Et muss de ganzen Dag iwwer nees mat villen Annulatiounen am Fluchtrafick gerechent ginn. Um Site vum Lux-Airport ass dann och ze liesen, datt schonn dräi Flich vun der Lufthansa, deen um 8.20 op Frankfurt an um 9.40 Auer respektiv 16.45 Auer op München, vum Streik betraff sinn. De Fluch um 20.10 Auer op München steet aktuell nach als “scheduled” um Programm.
Fir Cityline, eng Duechtergesellschaft vun der Lufthansa, déi just op kuerze Strecken ënnerwee war, ass vun e Samschdeg un iwwerdeems ganz Schluss. Déi 27 Fliger ginn aus dem Programm geholl. Wéi et offiziell heescht wéinst dem Streik an den héije Kerosinpräisser.