"Caritas Newco" sollt den Numm sinnWéi Verontreiung bekannt gouf, war "intern Léisung" bei Caritas am Gespréich

RTL Lëtzebuerg
“Caritas Newco” sollt déi nei Entitéit heeschen. De Bistum wier och bereet gewiescht, eng hallef Millioun Euro bäizesteieren.
De Bistum war e Mëttwoch virun der Caritas-Spezialkommissioun
Wéi Verontreiung bekannt gouf, war “intern Léisung” bei Caritas am Gespréich.

Kuerz nodeems d’Verontreiung vun 61 Milliounen Euro bei der Caritas Mëtt Juli zejoert bekannt gouf, wollt hire Verwaltungsrot eng nei Entitéit grënne mam Numm “Caritas NewCo”. Dat war e Mëttwoch an der Caritas-Spezialkommissioun an der Chamber gewuer ze ginn, an där de Weibëschof Leo Wagner an de General-Ekonom vum Bistum, Marc Wagner, gehéiert gi sinn.

De Bistum wier och bereet gewiescht, bis zu enger hallwer Millioun Euro fir déi nei intern Entitéit bäizeleeën. No enger Reunioun mam Krisecomité vun der Caritas Ufank August ass awer näischt méi nokomm. Am September zejoert ass du bekanntlech d’Decisioun gefall, déi nei Entitéit “Hëllef um Terrain” (HUT) ze grënnen, mat där de Bistum näischt méi ze dinn huet.

D’Fro stellt sech awer weiderhin, firwat de Bistum als Matgrënner vun der Caritas net méi proaktiv gehandelt huet. Do ware sech d’Deputéiert no der Kommissioun eens. Et hätt een den Androck, datt de Bistum de Kapp an de Sand gestach huet, mengt d’Rapportrice vun der Kommissioun an LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding. Si géing och net verstoen, firwat kee vum Bistum am Krisecomité vertruede war.

Et wier een op deene Gebidder aktiv ginn, wou een hätt kënnen aktiv ginn, esou d’Reaktioun vum Weibëschof Leo Wagener op déi Kritik. De Bistum, fir säin Deel, huet duerno 310.000 Euro fir Hëllefsprojete vun der Caritas am Südsudan iwwerwisen. Beim Virement, deen iwwer Caritas Holland gelaf ass, hätt et op en Neits ee Versuch vu Bedruch ginn, sot de General-Ekonom vum Bistum, Marc Wagener. Aktuell géing iwwerdeems weider probéiert ginn, eng Liquidation forcée vun der Caritas ze verhënneren, esou nach d’ Vertrieder vum Bistum. De Verwaltungsrot vun der Fondatioun, oder dat wat nach dovunner iwwereg ass, kéim nach reegelméisseg zesummen.

Bei den éischte Sozialwale bei der nei gegrënnter Asbl Hëllef um Terrain (HUT), huet sech iwwerdeems eng éischte Kéier am Sozial- a Santéssecteur d’Aleba als stäerkste Gewerkschaft duerchgesat. Dat deelen HUT an d’Aleba e Mëttwoch mat. D’Aleba stellt véier Delegéiert a véier Suppleanten. Vum OGBL goufen dräi Delegéiert an dräi Suppleante gewielt.

Back to Top
CIM LOGO