GrenzstengWéi vill ginn et der nach a wou si se?

Roy Grotz
D'Verwaltung vum Kadaster weess net, wéi vill Grenz-Bornen nach d'Grenze mat den 3 Nopeschlänner markéieren.
© RTL-Archiv

Am Kader vun der Staatsvisitt an der Belsch gëtt sécher net driwwer geschwat, an awer huet d'150 kilometerlaang Grenz tëscht der Belsch an eisem Land eppes Apaartes opweises, well se am 19. Joerhonnert duerch 287 opfälleg nummeréiert Grenzsteng markéiert gouf.

Dës Limitatioun vum Land geet op d’Maastrichter Grenz-Accorde vun 1843 zeréck a vill vun de Borne stinn och nach. Vill sinn der awer verschwonnen - et freet ee sech wouhinner?

Vu 14 Grenz-Markéierungen ass gewosst, wou se sinn. Nämlech a Muséeën wéi deem op den 3 Eechelen an am Depot vun de Ponts et chaussées um Wandhaff.

Interessant ass, datt d’Verwaltung vum Kadaster net weess, wéi vill Bornen nach d’Grenze mat den 3 Nopeschlänner markéieren, et ass nämlech un de Gemengen, déi un d’Grenz stoussen, fir all d’Joer d’Grenz ofzegoen.

Eleng laanscht d’belsch-Lëtzebuerger Grenz si 24 Grenz-Borne verschwonnen.

An der Stengeforter Gemeng sollen d’historesch Grenz-Bornen nees tëscht Grass a Sterpenech zeréck gesat ginn, déi wéinst dem Chantier am Dräilännereck Réiden, Mäertesbierg an Éibeng hu missen ewechgeholl ginn.

All dës Prezisioune liwwert den DP-Kulturminister Eric Thill op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fred Keup.

Reportagen op RTL Télé Lëtzebuerg

PISA de Wëssensmagazin: Mysteriéis Grenz (2. Oktober 2022)
Op der Sich no de markante Grenzbornen tëscht der Belsch a Lëtzebuerg
Grenzstengkontroll am Réiserbann (15. Februar 2022)
Am Réiserbann ass dëse Weekend, no zwou Annulatioune wéinst Covid-19, eng 40 Joer al Traditioun relancéiert ginn.
Kontroll vun de Grenzsteng tëscht Lëtzebuerg a Frankräich (5. Mee 2018)
Zënter 2007 kontrolléiert d’Diddelenger Gemeng d’Grenzsteng tëscht Lëtzebuerg a Frankräich.

PDF: Parlamentaresch From vum Fred Keup

Back to Top
CIM LOGO