
Deene Froe gi mer dës ganz Woch an enger Serie no, an där mer mat verschiddene Leit geschwat hunn, déi sech zanter 2023 selbstänneg gemaach hunn. Virop huet d’Claudia Kollwelter awer mat der Direktesch vum Entrepreneuriat bei der Chambre de Commerce méi generell iwwert d’Chifferen an d’Tendenze geschwat.
Iwwer 36.000 Demandë goufen zejoert beim House of Entrepreneurship vu Leit, déi eng Entreprise kreéiere wollten, traitéiert. E Chiffer, dee relativ stabel wier, seet d’Direktesch vum Entrepreneuriat bei der Chambre de Commerce, Stephanie Damgé. D’Profiller hätten awer evoluéiert.
“Mir hunn och ëmmer méi Leit, déi dat niewent hirer Aarbecht mol maachen, souzesoen déi ‘Part-Time-Kreateuren’. An dat duerch verschidde Grënn, zäitlech an och finanziell Grënn natierlech, oder fir Stabilitéit ze halen, awer deelweis och, well se hir Aarbecht halen, an niewendrun eppes Aneschtes wëlle maache fir sech. Eng aner Motivatioun oder e Sënn vläicht sichen an dowéinst dat nach niewendru maachen.”
Et géif net deen EEN Typ vu Profil ginn, dat wier ganz divers. Wat d’Beräicher betrëfft, an deene Leit sech selbststänneg maache wëllen, géif et och net forcement EE ginn, deen iwwerweit, woubäi ee bei de Jonke géif mierken, datt ëmmer méi de soziale Facteur an och d’Nohaltegkeet eng Roll spillen. Ma net jidderengem geléngt et, am Entrepreneuriat ze iwwerliewen. Am éischte Semester vun dësem Joer goufe 542 Faillitten deklaréiert. Eng liicht Hausse par Rapport zu zejoert.
“Wat eropgaangen ass a wat mer eis och erwaarden, dass et nach weider wäert eropgoen, dat sinn déi jonk Entrepreneuren. Also jonk net lo am Sënn vun hirem Alter, mee éischter, déi sech déi lescht fënnef Joer gegrënnt hunn. Bon, dat sinn oft déi, déi sech am Kontext vum Covid gegrënnt hunn oder nom Covid. An do mierke mer natierlech elo, déi hu vill Defien dobaussen an déi et dann elo awer lo net packen an och ophalen.”
Trotz villen Defie géifen d’Chifferen awer weisen, datt ëmmer nach vill Leit motivéiert sinn, sech am Entrepreneuriat ze lancéieren, betount d’Stephanie Damgé nach.
A genee fir déi Leit, déi zanter zejoert selbstänneg sinn, interesséiere mer eis déi nächst Deeg an eiser Serie. Ugefaangen en Dënschdeg mat engem jonken Architektebüro.