
Dacks sinn et Profiller, déi RTL selwer oder aner Lëtzebuerger Medien änelen, oder et gi sech Perséinlechkeeten a Politiker erausgesicht, fir falsch Messagen ënner d’Leit ze bréngen.
Datt dëst Virgoen am neie Joer géif ophalen, dorunner huet wuel kee gegleeft. A schonn an der zweeter Woch vun 2025 hu mer direkt zwou Saachen, op déi mer opmierksam gemaach ginn.
Engersäits ass dat e Fake-Account op “X” vum Finanzminister Gilles Roth. Dem CSV-Minister säi Ministère huet drop opmierksam gemaach. De falschen Account ass um duebelen “s” um Enn vum Numm z’erkennen, also "@RothGilless”. De Ministère réit, net op Messagë vun dësem Compte ze äntweren an dësen dann och ze mellen, wann een en ugewise kritt.
E weidere Fake ass dann e Message mam RTL-Lëtzebuerg-Logo. Dësen taucht op Instagram ënner “Sponsored Content” op an dréit den Titel a schlechtem Englesch: “This interview could have ended Jean-Claude Juncker career”. Och dëst ass kee Post vun RTL Lëtzebuerg an hei gëllt och, net op de Link klicken an de Post bei Instagram mellen.