Affer vum SuccèsWëllt een e Subsid fir z.B. seng Photovoltaik-Anlag, muss ee Gedold matbréngen

Roy Grotz
Et dauert aktuell bis zu emgem Joer, bis eng Demande fir de Subsid "Klimabonus Wunnen" am zoustännege Ministère traitéiert an eng Decisioun geholl gouf.

Dee Retard confirméiert den Ëmweltminister a preziséiert, datt keng Differenze gemaach ginn, ob et ëm eng Demande fir Photovoltaik, Solarthermie oder Wärmepompele geet, déi installéiert ginn.

Et hätt een net mat där grousser Zuel un Demandë gerechent, sou de Minister, deen drop verweist, datt entretemps d’Demanden och kënnen iwwert de MyGuichet deposéiert ginn.

De Serge Wilmes seet awer och, datt d’Virfinanzéierung bei Klimasubside wäert agefouert ginn, sou datt d’Leit nëmmen en Deel vun de Käschte musse bezuelen - den Optakt maachen hei d’Subside fir Photovoltaik-Installatiounen.

Dës Prezisioune gëtt den CSV-Ëmweltminister senger Parteikolleegin Françoise Kemp, déi eng parlamentaresch Fro zum Sujet gestallt hat.

Back to Top
CIM LOGO