
De Mann war iwwerdeems keen Onbekannten: Hien hat schonn e Freideg am selwechte Buttek geklaut, konnt do allerdéngs flüchten.
Um Policebüro hunn d’Beamten du festgestallt, datt de Mann schonn e puer Mol wéinst Abréch an Déifställ opgefall war. Iwwerdeems gouf bei der Kierperduerchsichung Geschier, fir anzebriechen, fonnt.
Well de Mann sech um Policebüro ausserdeem donieft behuel a sech net berouege gelooss huet, gouf hien nieft dem Déifstall och wéinst Beamtebeleidegung protokolléiert.