
27 Tonnen Dreck goufen d’zejoert op de Lëtzebuerger Autobunnen agesammelt. Vu Fläschen, Kamellepabeier bis hin zu allerlee Plastik. “11 Prozent vun der Populatioun huet an enger Etüd uginn, Plastiksoffall op de Buedem ze geheien”, esou den Tim Mirgain, Expert am Beräich Offall bei der Ëmweltverwaltung.
D’Zigarettestëmp fënnt een am heefegsten. All zweete Fëmmert geheit säin Zigarettestomp op de Buedem oder de Gulli. “D’Filtere sinn hei de Probleem. Dëse besteet aus Plastik. An dësen zersetzt sech. Dorausser entsteet Mikroplastik. An dee geréit quasi direkt an d’Gewässer”, erkläert den Expert vun der Ëmweltverwaltung. 40 Prozent vun den Zigarettestëmp, déi weltwäit ewechgeheit ginn, lande fréier oder spéider an de Mierer.
Iwwer 100 Milliounen Zigarettestëmp leie Joer fir Joer um Buedem. Am Hierscht 2024 gouf dowéinst d’Campagne “MERCI” géint Zigarettestëmp lancéiert.
Wichteg wär et, d’Leit ze sensibiliséieren. Dreck laanscht d’Stroossen an Trëppelweeër géif nämlech e grousse Problem hei am Land bléiwen. “Mir maache punktuell Moossungen, wou mir kucken, iwwer d’ganzt Land zu wat fir engem Zäitpunkt wéi vill Zigarettestëmp sech um Buedem befannen”, esou den Tim Mirgain am RTL-Interview.
Protokoller tëscht 145 an 1.000 Euro riskéiert ee vun der Police ze kréien, wann ee beim Knascht entsuerge laanscht d’Stroossen erwëscht gëtt. Kënnt d’Affär bis op d’Geriicht, kënnen et souguer 10.000 Euro Protokoll ginn.
De Littering ass e Phänomeen, deen et nach ëmmer gouf. Déi leschte Joren hätt dëse just zougeholl, well méi Liewensmëttel verpaakt ginn. Tëscht den Uertschafte géifen d’Leit am heefegsten hiren Dreck ewechgeheien. “D’Fënster op an eraus mam Knascht”, seet den Tim Mirgain.
Fir den Optakt vum Fréijoer ginn a ville Stied an Dierfer Botzaktiounen organiséiert. Fir den Expert aus der Ëmweltverwaltung ass dat eng ganz luewenswäert Aktioun.
D’Botzaarbechte laanscht d’Stroosse kaschten de Staat ronn 1,2 Milliounen Euro d’Joer. 103 Kilo un Dreck de Kilometer ginn an der Moyenne opgeraf. Laanscht d’Autobunne sinn et souguer 216 Kilo.