Debatt iwwer Chemikalien an der Chamber"Wou si PFAS wirklech nach néideg?"

Pierre Jans
Et kann een dovun ausgoen, dass e groussen Deel vun de PFAS iwwer d'Reewaasser an eis Ëmwelt geréit, respektiv e bësse méi e klengen Deel vun der Landwirtschaft iwwer eis Gewässer.
Ëmweltaktiviste protestéiere virun der EU-Kommissioun géint den Asaz vu PFAS.
Ëmweltaktiviste protestéiere virun der EU-Kommissioun géint den Asaz vu PFAS.
© NICOLAS TUCAT/AFP

Si si praktesch, am Alldag a ville Géigestänn, Textilien a Kosmetik ze fannen an haartnäckeg: resistent géint Waasser, Fett, Dreck an Hëtzt, wat fir Ëmwelt a Mënsch awer zum Nodeel ka ginn, wéi ëmmer méi däitlech gëtt.

Debatt iwwer PFAS an der Chamber

D‘Deputéiert Claire Delcourt vun de Sozialisten huet wärend enger Interpellatioun an der Chamber e Mëttwoch mat Nodrock Aktioune vun der Regierung géint déi schiedlech sougenannt PFAS gefuerdert. Déi hätt den Eescht vun der Situatioun scho laang erkannt, huet d‘Majoritéit argumentéiert.

D‘Claire Delcourt vun der LSAP huet mat Nodrock op d’Geforen higewisen:

“PFOA, PFOS, PFAS, PFNA. Dat sinn net einfach nëmmen technesch Ofkierzungen aus engem Labo. Dat si Chemikalien, Substanzen, déi sech an eisem Kierper accumuléieren, déi an eisem Drénkwaasser landen, an déi aus der Ëmwelt praktesch net méi verschwannen.”

D‘selwecht wann se an de Kierper kommen. Dem Claire Delcourt no misst een dovun ausgoen, dass eng Majoritéit vun de Leit PFAS am Blutt huet. Liewerschied, hormonell Problemer, erhéichte Risiko fir verschidde Kriibszorten, kéinte Konsequenze fir Erwuessener sinn. Och d‘Entwécklung vu Kanner kéint duerch dës Chemikalie belaascht ginn.

“Fir e Kand vun 3 Joer a 15 Kilo recommandéieren d‘Autoritéiten eng maximal Dose vu 66 Nanogramm vun de véier bekannste PFAS. Ësst e Kand och nëmmen een Ee, kéint et eng méi héich Dosen zou sech huelen, ewéi recommandéiert. De Grenzwäert fir en Ee läit an der EU iwwert där, déi Kanner iesse sollen, nämlech bei 93,5 Nanogramm.”

Kléngt ewéi wann en absolutte Verbuet vu PFAS géif Sënn maachen. Mécht en awer net, erkläert de Luc Emering vun der DP um Beispill mam Ee:

“En Ee aus Käfeghaltung huet eng manner héich PFAS-Belaaschtung ewéi en Ee aus Fräilandhaltung. D’Hinger iessen dobaussen nämlech d’Wierm déi PFAS-belaascht sinn. Et muss ee sech ëmmer bewosst sinn: Wann een dat eent verbitt, dat anert eventuell ka verschlëmmeren.”

Och der LSAP-Deputéierter no stelle sech aner Froen akut:

“Wou ginn d‘PFAS da wierklech gebraucht? Wou ginn et Alternativen? Wou hu mir et mat onnéidegen Uwendungen ze dinn, déi mir kéinten evitéieren?”

Si huet iwwerdeems begréisst, dass d‘Regierung en interministerielle PFAS-Grupp op d‘Been gestallt huet, deen d‘lescht Woch en éischte Rapport verëffentlecht huet, aus deem och ervirgeet, dass de Problem reell ass. D‘Françoise Kemp vun der CSV huet betount, d‘Regierung hätt scho gehandelt:

“Et goufe Grenzwäerter beim Drénkwaasser festgeluecht an et soll ënnert anerem eng national Strategie fir d’Resilienz vun de Gewässer bis Mëtt 2026 ausgeschafft ginn.”

Et kann een dovun ausgoen, dass e groussen Deel vun de PFAS iwwer d’Reewaasser an eis Ëmwelt geréit respektiv e bësse méi e klengen Deel vun der Landwirtschaft iwwer eis Gewässer. Dat huet den Ëmweltminister um Enn vun der Debatt betount. Nieft der nationaler Responsabilitéit, déi d‘Regierung och géif huelen, wär eng koordinéiert EU-Strategie och enorm wichteg fir d’PFAS am Drénkwaasser, an de Liewensmëttel an op Produiten, déi mir dagdeeglech benotzen, ze reduzéieren.

Firwat sinn d‘PFAS-Chemikalien elo eréischt esou an der Aktualitéit? Ganz einfach: Bis virun zéng Joer waren d‘Waasser-,Loft- a Buedem-Analysen net drop ausgeluecht.

Back to Top
CIM LOGO