
Virlescht Joer gouf et deemno zu Lëtzebuerg 1.347 Signalementer well et e Verdacht gouf, datt e Kand a Gefor wier. Dat äntweren d’Justizministesch Tanson an den Educatiounsminister Meisch dem Piratendeputéierte Sven Clement op eng parlamentaresch Fro.
Zanter 2011 goufen 20 Signalementer gemaach, well e Verdacht war, datt d’Wuel vun engem Kand am non-formelle Bildungsberäich a Gefor war. Doriwwer eraus hätt ee keng statistesch Donnéeën, wéi vill Signalementer a wéi engem Kader gemaach goufen. Et géing och keng Statistik doriwwer ginn, wéinst wéi enger Zort Gewalt Signalementer gemaach goufen.
2021 goufen et iwwerdeems 2.850 Procès-verbauxen, déi mat engem Kand ze dinn haten. An deene meeschte Fäll wier et hei ëm Mannerjäreger gaangen, déi eng Strofdot begaangen hunn, ma et kéinten och mannerjäreg Affer concernéiert sinn.