WG-Projet vun der LIFE asblWunne soll keng Laascht sinn, mee Liewensqualitéit

Monica Camposeo
A WGen zesummeliewen ass am Grand-Duché bei wäitem net esou verbreet ewéi am Ausland. Dës Wunnform erméiglecht et, méi bëlleg ze wunnen ewéi eleng.
WG-Projet vun der LIFE asbl
Wunne soll keng Laascht sinn, mee Liewensqualitéit

Zanter 5 Joer bitt d’Life asbl mam “WG Projet” abordabel Zëmmer a Koproprietéiten un. Mir hu mat zwee Locatairen an zwou WGen iwwer d’Nout um Logementsmarché an awer och iwwer gutt Alternative geschwat. D’Marie-Christiane Nishimwe wunnt zanter 4 Joer an engem Haus am Norde vum Land, mat 3 anere Leit. No hirem Studium zu Wien wollt si nees doheem, zu Lëtzebuerg, Fouss faassen. D’Sich um private Marché war awer schwéier, ouni Erspuernesser oder Ierfschaft, seet si am Interview. Dobäi kënnt, dass déi jonk Fra fräischaffend als Operesängerin schafft. Hir Aarbechtskontrakter sinn u Projete gebonnen, um private Marché hat si domadder Schwieregkeeten. Duerch d’Life asbl, déi als Vermëttler abordabel Zëmmer a Koproprietéiten ubitt, konnt d’Marie-Christiane Nishimwe en Doheem fannen. Wat sech aus der Nout eraus erginn huet, gesäit si haut als grouss Chance. Et géing net nëmmen dorëms goen, Käschten ze spueren, mee eng besser Liewensqualitéit ze hunn andeem ee villes mateneen deele kann.

Och den Tesfu Kiflemariam konnt mat engem WG-Zëmmer seng Liewensqualitéit däitlech verbesseren. Hie war virdrunner am Foyer zu Dikrech a wunnt elo zanter 4 Joer mat 4 aneren Erwuessenen an engem Kand an engem groussen Haus. Si deele sech zwee Buedzëmmer. De jonke Mann ass frou, dës Optioun fonnt ze hunn. Hie bezilt 560 Euro. “Wann ech mat Kolleege vergläichen, déi um private Marché lounen, dann bezuelen ech hei manner. Si liewen och a Colocatioun an trotzdeem kascht en Zëmmer iwwer 700€.”

Den 33 Joer jonke Mann war an sengem Heemechtsland Eritrea Coiffer a mécht aktuell de Führerschäin fir hei am Land als Buschauffer kënnen ze schaffen. Mee och mat engem CDI mécht hie sech Suergen ëm d’Wunnsituatioun. Virun annerhallwem Joer ass nämlech och seng Famill op Lëtzebuerg geflücht. “Ech sinn net Single, mee wéinst der Kris zu Lëtzebuerg liewen ech eleng. Wann et hei méi Wunnméiglechkeete géing ginn, kéint ech mat menger Famill liewen. Meng Fra a meng 4 Kanner wunnen aktuell nach am Foyer zu Ettelbréck. Well ech just en Zëmmer hunn, si mir gezwonge getrennt ze wunnen.” Zesumme mat anere Leit wunne war perfekt, wéi hien nach eleng zu Lëtzebuerg war, esou de jonke Mann.

Ma wa sech d’Liewenssituatioun ännert an e Wiessel finanziell méiglech ass, plënneren d’Leit dacks aus der WG eraus. Dat kennt och d’Marie-Christiane Nishimwe. Da kuckt d’LIFE asbl mat de Colocatairen, fir eng nei Persoun ze fannen, déi an d’WG passt. Dat wier och ni e Problem gewiescht, esou déi professionell Operesängerin. Anescht ass et, wann d’WG komplett muss opgeléist ginn. Fir de Locatairë méi Sécherheet a Stabilitéit kënnen ze ginn, wëll d’LIFE asbl méi Haiser kafen an déi selwer geréieren.

Wunne soll keng Laascht sinn, dat wënscht sech déi jonk Operesängerin. Dowéinst bréicht et alternative Wunnraum, deen d’Leit sech leeschte kënnen.

Back to Top
CIM LOGO