
De Grond heifir wier ënnert anerem d’Covid-19-Pandemie.
En Datum wéini et lo zu der Mammut-Fusioun kéint kommen, kéint de Moment net genannt ginn, heescht et an engem gemeinsame Communiqué vun de Gemengen Ettelbréck, Dikrech, Schieren, Ierpeldeng a Bettenduerf.
Doraus kann ee schléissen, datt et virun de Gemengewalen definitiv kee Referendum méi wäert ginn.
D’Atmosphär tëscht de 5 Gemenge wier gutt an et kéim ee mat de Planunge gutt virun, heescht et weider. Et kéint een net behaapten, datt näischt geschitt wier, mä et hätt ee gemeinsam scho vill erreecht.