
Géint 4.20 Auer ass enger Patrull zu Péiteng opgefall, datt e Gefier däitlech ze séier ënnerwee war. An der Route de Longwy konnt d’Police d’Gefier stoppen an de Chauffer kontrolléieren. Dësen hat däitlech Unzeechen, datt hien ze déif an d’Glas gekuckt hat, wat vun engem Alkoholtest confirméiert gouf. De Permis gouf agezunn.
Änlechen Ausgang dann och zu Gréiwemaacher ronn zwou Stonne méi spéit. Hei war eng Automobilistin wéinst hirem Fuerstil negativ opgefall. Och hire Permis war wéinst Alkohol um Steier fort.
Dann hat de Parquet nach fënnef Alkoholkontrollen um Freideg den Owend ordonéiert. Eng éischt zu Uewerkäerjeng dat tëscht 21.30 an 23.00 Auer. Hei goufen 288 Chauffere kontrolléiert an aacht vun hinnen haten ze vill gedronk. Dräi Permise ware fort.
Fënnef positiv Fäll awer keen esou schwéier, datt de Permis huet missten ofgeholl ginn, hat een dann tëscht Mëtternuecht an 1.30 Auer um Samschdeg de Moien. Hei goufen zu Féiz 142 Leit kontrolléiert.
Da gouf et an der Stad direkt dräi Mol gemaach. Déi éischte Kéier tëscht 23.00 Auer a Mëtternuecht an eng weider Kéier tëscht 1.00 an 2.00 Auer an eng drëtte Kéier tëscht tëscht 3.00 an 3.45 Auer. Hei goufen 194 Automobiliste kontrolléiert an an néng Fäll war den Alkoholtest positiv. Zwee Permise goufen agezunn.