Ausser de Mount Dezember ass an de leschte 6 Méint, also zënter Oktober zejoert, wäit méi dees naassen Element erof komm wéi an der Moyenne aus de leschten 30 Joer. Am Mäerz waren et bal 30% méi wéi gewinnt. Am Februar bal dat duebelt mat iwwer 100 Liter de Quadratmeter. Duebel Ratioun och am November mat do souguer 141 Liter de Meter Carré a 25 Deeg Ree vun 30.
De Jean-Paul Lickes Direkter vum Waasserwirtschaftsamt versteet, dass d’Leit es sat hunn, mä et géif och positiv Aspekter ginn: “Fir d’Drénkwaasserversuergung hu mer elo e gutt gefëllte Stau, wat eis optimistesch fir de Summer stëmmt. Mir hunn op der anerer Säit eis Grondwaasserreserven, déi sech awer vun 3 dréchene Summer konnten zum Deel erhuelen. Dat ass och gutt fir ‘d’Schüttung’ vun eise Quellen.”
Dës Nätzt huet awer och negativ Konsequenze fir d’Landwirtschaft. D’Bauere kënnen net op hire Felder schaffen. Ausserdeem ass et verbueden, tëscht Mëtt November a Mëtt Februar Gülle auszeféieren. Dat misst iwwerduecht ginn. D’Fréijoerskulture missten elo an de Buedem kommen. Huewer oder Summergeescht. Et wär elo un der Zäit fir d’Geméis an d’Gromperen ze setzen.
Problematesch ass den Ament och d’Fleeg vun de Gréngflächen.
An da muss och d’Véi nees op d’Weed gelooss ginn. D’Vegetatioun huet do 3 Wochen Avance, mä d’Béischte riskéieren den Ament de Buedem an d’Gras ze zertrëppelen an da kënnt näischt méi no.
Ob elo ze dréchen oder ze naass: De Christian Wester, President vun der Bauerenzentral, hëlt et philosophesch: “Et ass wéi mat allem: Ze vill an net genuch vun eppes ass keng Mooss an esou bleift et och an der Landwirtschaft.”