Theaterplaz an der StadZeien no Accident mat Farerflucht gesicht

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, ass e Sonndeg e Chauffer mat sengem Gefier op der Héicht vun der Theaterplaz an der Stad an e geparkte Auto gerannt a geflücht.

Tëscht 18.40 an 21.15 Auer e Sonndeg koum et zu der Kollisioun, bei där en Automobilist mat sengem Won an e geparkten Auto gerannt ass. Amplaz stoen ze bleiwen a sech ëm den entstanene Schued ze këmmeren, huet de Chauffer sech duerch d’Bascht gemaach.

En Zeie vum Accident hat en Ziedel um beschiedegte Won hannerlooss. Speziell no dësem gëtt elo gesicht. D’Police biet awer och weider Persounen, déi eppes gesinn hunn, souwéi de fir den Accident responsabelen Automobilist sech um Policebüro aus der Stad ënnert der Nummer 244 40 1000 oder per Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO