PoliceZeien no Accident vu Cyclist um Houwald gesicht

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Zeien, déi en Accident mat engem Cyclist bei engem Chantier um Houwald den 8. Juni gesinn hunn.

Géint 16 Auer war e Cyclist bei engem Chantier un der Kräizung vum Rangwee mat der Rue du 9 mai 1944 gefall a gouf dobäi liicht blesséiert.

Zeien, déi den Accident gesinn hunn, si gebieden, sech bei der Police ënnert der Nummer (+352) 244 401 000 oder per Mail un police.LUXEMBOURG@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO