
De 5. Mäerz ware géint 8 Auer op der Kräizung vun der Avenue Marie-Thérèse mam Boulevard Prince Henri zwee Cycliste kollidéiert, woubäi ee vun hinne schwéier blesséiert gouf.
Fir d’Ursaach vum Accident beim Stater Park z’ermëttelen, sicht d’Police elo no Zeien.
Wien d’Kollisioun gesinn huet, ass gebieden, sech bei der Stater Police op der Numm 244 401 000 oder per Mail op police.luxembourg@police.etat.lu ze mellen.