Um Freideg géint 15 AuerZeienopruff no Accident tëscht Fluessweiler an Dräibuer

RTL Lëtzebuerg
E Chauffer war an een anert Gefier gerannt a war weidergefuer.
© RTL-Grafik

E Freideg koum et kuerz viru 15 Auer zu engem Accident tëscht zwee Autoen op der Streck CR122 tëscht Fluessweiler an Dräibuer. Dobäi ass e Chauffer mat sengem Gefier an een aneren Auto geknuppt an ass a Richtung Dräibuer geflücht. Beim Gefier kéint et sech ëm e sëlwer-groe Kombi vun der Mark Mercedes handelen.

De Chauffer vum Accident wéi och méiglech Zeie solle sech beim Policekommissariat Museldall ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 70 1000 oder per E-Mail u Police.MUSELDALL@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO