
D'Affer war vun e puer Persoune mat donkeler Hautfaarf ugegraff an am Gesiicht blesséiert. D'Täter hu sech duerno an onbekannte Richtung duerch d'Bascht gemaach.
Den Ament vum Ugrëff waren nach aner Leit am Tram. An dësem Kontext sicht d'Police no Zeien. All Informatioune si fir d'Police an der Stad: iwwer Telefon 244 40 1000 oder per E-Mail police.luxembourg@police.etat.lu.