MensterZeienopruff nodeems illegal Knascht deponéiert gouf
Enn Mäerz gouf beim Aussiichtspunkt zu Menster illegal Knascht deponéiert. Ausserdeem gouf eng Holzbänk beschiedegt.
Verëffentlecht: 11.04.24 11:05, Update: 10.12.25 10:47
An dësem Zesummenhang sicht d'Police elo no Zeien.
Alleguer d'Informatioune si fir d'Policekommissariat Syrdall. Telefonsnummer: 244 78 1000 / Mailadress: police.syrdall@police.etat.lu