
D'CNS huet hire Joresrapport 2025 virgestallt. D'Zuel vun de Versécherten ass am Verglach zum Joer virdrun ëm 1,4 Prozent op bal 987.000 Persoune geklommen. Gläichzäiteg sinn d'Ausgabe méi staark gewuess wéi d'Recetten.
Mat Ausgabe vun 4,88 Milliarden Euro a Recettë vun 4,78 Milliarden gouf d'Joer mat engem Defizit vu ronn 102 Milliounen Euro ofgeschloss. Virun allem d'Ausgabe fir ambulant Behandlungen zu Lëtzebuerg sinn däitlech geklommen.
Fir d'Finanzéierung op laang Siicht ofzesécheren, huet eng strategesch Aarbechtsgrupp schonn éischt Proposen ausgeschafft.
Positiv entwéckelt sech de System vum sougenannte Paiement immédiat direct. An de leschte sechs Méint goufe ronn 70% vun de Consultatioune bei Dokteren a Zänndokteren op dës Manéier ofgerechent.
Mëttlerweil maachen och méi wéi 2.500 vun den ëm 3.500 Dokteren a Zänndoktere bei dësem System mat.