Cellule de Renseignement FinancierZejoert goufe ronn 610 Milliounen Euro blockéiert

RTL Lëtzebuerg
Ganzer 610 Milliounen Euro goufen an 153 Affären d'lescht Joer vun der Cellule de Renseignement Financier (CRF) blockéiert.
© AFP

Dat steet an hirem Joresrapport, deen elo public ass.

610 Milliounen, dat ass gutt dräimol méi ewéi d’Joer virdrun nach. Dat wier op zwou Affären zeréckzeféieren, wou d’Zommen, déi blockéiert goufen, aussergewéinlech grouss waren, esou d’CRF, déi net präziséiert, ëm wéi eng Affären et sech handelt. Aus dem Rapport geet awer ervir, datt am meeschte Geld am Beräich vun der internationaler Korruptioun blockéiert gouf.

“Verbriechen dierfe sech net lounen”, schreift d’CRF. De Kampf géint de Blanchiment an d’Finanzéierung vum Terrorismus wier operationell ëmmer méi komplizéiert. Op jidder Fall wat d’Komplexitéit vun den Deklaratioune vu Verdacht ugeet, déi d’Autoritéit vu sämtlechen Entreprisen oder Professioneller, besonnesch vun der Finanzplaz, kritt. “D’Informatiounen, déi erakommen, kënne mat Puzzelstécker verglach ginn”, esou d’CRF. Se fillt sech awer gestäerkt, nodeems héichspezialiséiert Finanz-Analytiker agestallt goufen.

Wéi funktionéiert d’Cellule de Renseignement Financier (CRF)

Back to Top
CIM LOGO