PoliceZéng Protokoller wéinst Handy um Steier

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matgedeelt huet, hu si e Mëttwoch jett Chauffere gepëtzt, déi gefuer sinn an dobäi den Handy benotzt hunn. Op puer Plaze gouf och agebrach.
© Envato Symbolbild

Tëscht 16.45 an 18 Auer hat sech d’Police zu Gilsdref bei der Bleesbréck positionéiert. Viséiert war d’Benotze vum Handy wärend dem Fueren an och, ob d’Leit an de Gefierer de Gurt unhaten.

Am Ganze goufen zéng Chauffere mam Handy am Grapp erwëscht. An dat gouf nawell deier. 250 Euro Strof a 4 Punkte manner um Permis sinn et nämlech, wann een den Handy am Auto benotzt.

Abréch

An de leschte Stonne gouf och nach agebrach, zum Beispill e Mëttwoch am spéiden Nomëtteg an der Rue du Moulin zu Mensder an owes an een Eefamilljenhaus Rue Pierre-Eloi Schoué an der Stad. A béide Fäll goufen d’Ermëttlungen ageleet.

Back to Top
CIM LOGO