Dossier FageZoustänneg Ministere ginn an d'Chamber-Budget-Kontrollkommissioun convoquéiert

RTL Lëtzebuerg
Do sollen de Finanzminister Pierre Gramegna an de Wirtschaftsminister Franz Fayot Explikatiounen iwwert d'Zesummenaarbecht tëschent béide Ministèrë ginn.

Notamment Explikatiounen am Dossier Fage. Dat schreift d'Chamber op hirem Internetsite.

De Rechnungshaff hat d'lescht Woch en Avis publizéiert, aus deem ervirgeet, datt de Wirtschaftsministère beim Verkaf vun Industrieterrainen un d'Jughurtsfabrick Fage informell an eleng verhandelt huet an de Finanzministère duerno nëmmen nach informéiert huet. Eigentlech mussen déi 2 Ministèren an esou Froen zesummeschaffen.

D'Cour des comptes hat och eng Rei Recommandatioune formuléiert, wéi an Zukunft fir méi Transparenz kéint gesuergt ginn, deenen de Wirtschaftsministère Aussoen an der Press no och wëll nokommen. Um Site vun der Chamber ass weiderzeliesen, datt d'CSV gefrot huet, fir och den deemolegen LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider an d'Budget-Kontrollkommissioun ze convoquéieren.  Politesch kéint een hien zwar net méi responsabiliséieren, seet d'Diane Adehm.

"An awer muss een eng Kéier iwwert déi Diskussioun kucken, well et kann net sinn, dass elo den Etienne Schneider dann do un de Pranger gestallt gëtt, quitt dass hien de responsabele Minister war a vun deenen anere Regierungsmemberen héiert a gesäit een näischt an deem hei Dossier. Dat ass erëm eng Kéier, wéi et virdru bei der Defense war, do si Gesetzprojeten an de Regierungsrot bruecht ginn an do huet awer kee Minister zu kengem Zäitpunkt iergendeppes gesot an och bei deem hei Déngen ass keen, deen iergendeppes seet an et gëtt awer och eppes wéi eng kollektiv Responsabilitéit vun der Regierung."

D'Majoritéit an der Chamber wier awer der Meenung gewiescht, et sollt een d'Éischt mol déi 2 aktuell Ministeren héieren.

"Quitt dass hien [den aktuelle Wirtschaftsminister Franz Fayot] deemools net de Minister en cause war, et war den Etienne Schneider, mä hie misst jo awer iergendwou vu senge Leit Informatioune kritt hunn, dass en eis do mol erkläert, firwat dass dat esou gaangen ass, wéi et gaangen ass, " sou d'CSV-Presidentin vun der zoustänneger Kommissioun Diane Adehm.

Et géif een awer och gär vum Finanzminister Pierre Gramegna wëssen, firwat hien acceptéiert huet, datt säi Ministère net am Kader vun enger Commissioun spéciale an d'Decisioun mat abezu gouf.

"Obschonn explizitt am Gesetz drasteet, dass déi Kommissioun soll consultéiert ginn, fir iwwert deen do Terrain ze beroden, firwat hien eigentlech och acceptéiert, dass seng Beamte just eng Kéier iwwert de Präis informéiert ginn an dass dat elo bei den Notaire geet, an dass déi zu kengem Zäitpunkt an deen Dossier agebonne waren."

De griichesche Jugurtsproduzent Fage sollt eigentlech an der Industriezone zu Beetebuerg eng Fabrick bauen - e grousse Projet vum fréiere Wirtschaftsminister Etienne Schneider, deen allerdéngs politesch kontestéiert war, notamment wéinst dem héije Waasserverbrauch an dem Impakt op d'Ëmwelt. Säi Sëtz hat Fage schonn zanter 2012 zu Lëtzebuerg. Am September huet d'Entreprise entscheet, de Projet vun der Fabrick zu Beetebuerg falen ze loossen. Kuerz virdrun hat Paperjam gemellt, Fage géing zanter Jore Milliounen Euro fir fiktiv Consultanten ausginn, d'CSV hat doropshin eng Denonciatioun beim Parquet gemaach.

Fage an de Kommissioun / Reportage Fanny Kinsch

RTL-News: Wirtschaftsminister zu Fage: Kee gutt Zeeche fir de Standuert Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO